Ekologesch Offallwirtschaft um Chantier
De Bäitrëtt vum Chantier zu der SuperDrecksKëscht® fir Betriber huet déi folgend Virdeeler:
- Kontroll vum Chantier duerch de Beroder vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber bei der Iwwerpréiwung vum Label a beim Rapport iwwer den Zoustand vum Zortéierzentrum un de Signataire vum Kader-Accord.
- Bereetstelle vun Autocollante fir déi verschidde Sammelcontaineren ze markéieren.
- Quantifikatioun vum Offallvolume, dee beim Bau ufält.
- Plange vun der Sammelstatioun (Containergréisst, Lagerplang,...) um Chantier.
- Bereetstelle vun engem Depliant fir d’Sensibiliséierung vun de Benotzer vum Zortéierzentrum.
- Organisatioun vun enger zousätzlecher Formatioun (2 Stonnen) fir den Offallbeobtragten.
- Benotze vum Fait, datt e Chantier op enger vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber mat engem Label ausgezeechenter Baustell iwwerwaacht oder bewirtschaft gouf, fir Reklammszwecker.
Wann d’Critèrë fir d’Verdeelung vum Qualitéitslabel vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber agehale ginn, kann de Chantier de Qualitéitslabel vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber kréien. Duerch den Asaz vum Konzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriberkënnen d’Bauhären an d’Betriber zu enger nohalteger Entwécklung bäidroen.