[LB]

Spill mat !

Objektiv(er):

- Spaass

- Fërdere vu Geschécklechkeet a Konzentratioun

- Fërdere vum Gemeinschaftsgefill

- Sensibiliséierung fir d’Offallvermeidung / de Recyclage

Inhalter:

Spillen ass wäit méi wéi nëmmen en Zäitverdreif! Spiller wéi „1, 2 oder 3“ vermëttele Wëssen op eng spilleresch Aart a Weis a kënnen un all méiglech Themegebitter ugepasst ginn. Komplex Sachverhalter loossen sech am Spill vill méi liicht vermëttelen, sou och d’Themen Ëmwelt an Nohaltegkeet.

Dobäi brauch ee fir ze spille kengesfalls opwenneg pädagogesch Spillmaterialien. Och aus Offall a mat ee bësselche Kreativitéit loosse sech spannend ëmweltfrëndlech Spillvarianten entwéckelen.

De Spaass, dee beim Spillen opkënnt, kreéiert positiv Emotiounen an eis, wouduerch dat, wat am Spill geléiert gëtt, méi nohalteg am Gediechtnes bleift wéi eppes wat auswenneg geléiert gouf. Kanner léieren am Spill Verantwortung z’iwwerhuelen, Récksiicht openeen ze huelen an niewebäi och nach Regelen anzehalen. Spillen ass eng wäertvoll Beschäftegung, déi de Virwëtz erhält, deen eis ugebuer ass, an domat och d’Motivatioun an d’Freed um Léieren.

Eis „Spill mat“-Aktivitéite sinn op d’Verständnes an d’Léierprozesser vu Kanner am Spillschouls- a Grondschoulsalter ofgestëmmt.

Spillen ass „Fudder fir d’Séil“: Fudder braucht jiddwereen!

Kontaktéiert eis fir individuell Informatiounen iwwer eisen Atelier „Spill mat“:

Nadine Schneider +352 488 216-234 oder nadine.schneider@sdk.lu

Nohaltege Konsum

Lierst héi méi...

block

Réckkonsum a Sammlung

Lierst héi méi...

Réckoffwécklung a Réckkonsum

Lierst héi méi...

Eise Knowhow: Formatiounen a Weiderbildungen

Lierst héi méi...

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission