[LB]

Rallye Spaass !

Objektiv(er):

- Spaass

- Fërderung vum Naturempfanne mat alle Sënner

- Fërderung vum Gemeinschaftsgefill

- Sensibilisatioun fir den nohaltegen Ëmgang mat der Natur

Inhalter:

Dobausse spille sprécht alleguerten d’Sënner un! Dofir si Rallyeë bei Kanner meeschtens ganz beléift. D’Bewegung un der frëscher Loft deet gutt, stäerkt den Imunsystem a gëtt deem këndleche Fräiheetsdrang gerecht, well wou soss, wann net an der Natur, si genuch Fräiraim ze fannen.

Während d’Kanner a klenge Gruppen d’Natur erkunden, sichen si no Hiweiser, Trophéeën, Fotoen oder esouguer no Persounen oder Schätz. Kanner-Rallyeë si liicht ze plangen a kënnen dofir och ganz individuell gestalt ginn.

D’Kanner léieren an de Rallyen d’Natur mat alle Sënner individuell wouerzehuelen. Niewebäi steigeren Aktivitéiten an der fräier Natur d’Konzentratiounsfäegkeet an hëllefe Stress ofzebauen.

Eis Aktivitéit „Rallye Spaass“ ass of d’Verständnes an d’Léierprozesser vu Kanner am Spillschouls- a Grondschoulsalter ofgestëmmt.

E Rallye ass e „Risespaass“: Spaass brauch jiddwereen!

Kontaktéiert eis fir individuell Informatiounen iwwer eisen Atelier „Rallye Spaass“:

Nadine Schneider +352 488 216-234 oder nadine.schneider@sdk.lu

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission