Sécherheet an Zukunft - Léiere fir eng nohalteg Entwécklung
Et léiert een ni aus – zumindest esou laang, wéi d'alldeeglech Routine net eisen ugebuerene Virwëtz an domat eis Chancen a Méiglechkeeten erstéckt.
Als unerkannte lëtzebuergesch Weiderbildungsinstitutioun (ORGANISME DE FORMATION PROFESSIONELLE CONTINUE N°00113078/3) huet sech d'SuperDrecksKëscht® op dem nationale Formatiounsmarché etabléiert, mat Spezialiséierung op d'Beräicher Offallwirtschaft, Aarbechtssécherheet, ekologescht Botzen a Circular Economy.
Eis modular Formatiounsoffer kann esouwuel inhaltlech wéi och zäitlech op d'Besoine vu verschiddenen Zilgruppen ugepasst ginn:
- Responsabeler / Mataarbechter mat engem Bezuch zur Offallwirtschaft
- Responsabeler / Mataarbechter, fir déi d'Thema Aarbechtssécherheet wichteg ass
- Responsabeler fir den Akaf („clever akafen“)
- Responsabeler / Mataarbechter am Botzsecteur
- Demandeur-d'emploien a Weiderbildungsmoossnamen
- Kooperatiounspartner
- Léierpersonal
- Gemengenaarbechter
- Interesséiert Bierger
- ...
Mat praxisorientéierten, interaktive Moossname bidde mir de Participante vun eise Formatiounen en ofwiesslungsräiche Programm – mat gemeinsamem Mëttegiessen (optional), Snacken an de Pausen an ausféierleche Formatiounsënnerlagen.
Gäre gi mir eise praxisorientéierten Know-how un Iech weider! Kontaktéiert eis fir individuell Informatiounen iwwert de Formatiounsprogramm, d'Formatiounsofferen an d'Umeldung:
Tel: +352 488 216-228 oder training@sdk.lu



