Sécherheet an Zukunft - Léiere fir eng nohalteg Gesellschaft
Et léiert een ëmmer bäi – op d’mannst esou laang wéi d’Alldagsroutine eisen ugebuerene Virwëtz an domat eis Chancen an eis Méiglechkeeten net erstéckt.
Als unerkannte Lëtzebuerger Weiderbildungsinstitutioun (ORGANISME DE FORMATION PROFESSIONELLE CONTINUE N°00113078/3) ass d’SuperDrecksKëscht® gär gesinn als Gaascht a Schoulen, Maison-Relaisen, Wunngruppen an aneren Ariichtungen, an deene Kanner a Jugendlecher op d’Liewe virbereet ginn.
D’Animatiounskonzept vun der SuperDrecksKëscht® begräift:
Eis modular Animatiounsoffer kann esouwuel inhaltlech wéi och zäitlech un d’Besoine vun ënnerschiddlechen Zilgruppen ugepasst ginn:
- Léierpersonal
- Educateuren
- Schoulklassen
- Betreiungsariichtungen
- Wunngruppen
- ...
Mat praxisorientéierten, interaktive Methode bidde mir jonke Leit en ofwiesselungsräiche Repertoire un Aktivitéiten, iwwer deen „normalen“ Unterrecht eraus. Op Wonsch kréien d’Léierpersonal/d’Educateuren eis ausféierlech Formatiounsënnerlagen.
Mir ginn eise pädagogeschen Know-How gär un Iech weider!
Kontaktéiert eis fir individuell Informatiounen iwwer eis Offere fir Kanner a Jugendlecher:
Nadine Schneider +352 488 216-234 oder animatioun@sdk.lu



