[LB]
FacebookInstagramYouTube

Komm mir bastelen !

Objektiv(er):

- Spaass

- Fërdere vu Kreativitéit, Feinmotorik a Konzentratioun

- Sensibiliséierung fir Offallvermeidung / Recyclage

- Imitatiounseffekt fir doheem

Inhalter:

Aus al maacht nei! Bastelen aus Offallmaterial wéi Pabeier oder PET-Fläschen nennt een och „Upcycling“. Et ass eng Aart Reutilisatioun vu Materialien, déi virun der Poubelle gerett ginn andeems se an nëtzlech Saachen oder och a schéi Kaddoe verwandelt ginn.

D’Upcycling-Bastelen („opwäertend Bastelen“) ass déi méi ëmweltfrëndlech Variant vum Bastele mat deiere Materialien aus dem Bastelgeschäft. Op kreativ Aart a Weis gëtt Offall an eppes wäertvolles Neies verwandelt.

Wäertvoll ass och d’Beschäftegung „Bastelen“ u sech, well niewent dem Spaass fërdert et d’Kreativitéit, d’Feinmotorik an d’Konzentratiounsverméigen.

Kanner léieren, hirer Fantasie fräie Laf ze loossen an eegen Iddien ëmzesetzen. D’Ausschneiden a Bemolen trainéiert Hänn a Fangeren. A well een sech bei kniwwelegen Aarbechten nun eemol konzentréiere muss, hëlleft Bastele gläichzäiteg dobäi zur Rou ze kommen. Um Enn ass jiddwereen houfreg op säi selwergestaltent Konschtwierk, wouvunner och d’Selbstbewosstsinn profitéiert.

Eis „Komm mir bastelen“-Aktivitéite sinn op d’Fäegkeete vu Kanner am Spillschouls- a Grondschoulsalter ofgestëmmt.

An elo kënnt dat Bescht: Upcycele ka jiddwereen!

Kontaktéiert eis fir individuell Informatiounen iwwer eisen Atelier „Komm mir bastelen“:

Nadine Schneider +352 488 216-234 oder nadine.schneider@sdk.lu

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission