[LB]

Geschichten erliewen !

Objektiv(er):

- Spaass

- Fërdere vu Fantasie a Sproochverméigen

- Sensibilisatioun fir Offalltrennung / Recycling

Inhalter:

Virliese mécht schlau! Kanner kréien immens gär Geschichte virgelies. Si si wéi eng Rees an déi eegen Erfahrungs- a Gefillswelt. Geschichte loosse Raum fir Fantasie an eegene sech gutt fir Kanner Wäerter ze vermëttelen. Geschichte kënnen op villerlee Weis Kanner an hirer Entwécklung fërderen, sou och „D'Geschicht vum Offallmonster“:

Dat gieregt Offallmonster dreift säin Onwiesen an der Stad. Récksiichtslos verschléngt et alleguerten d’Offäll a gëtt doduerch ëmmer méi béis an zerstéiert d’Natur. Awer dat couragéiert „Déierchen“ vun der SuperDrecksKëscht® hëlt de Kampf mat deem schrecklechen Offallmonster op. Geschécklech fänkt et un, d’Offallbierger duerch eng clever Offalltrennung schrumpfen ze loossen a fënnt no an no nach weider Verbündeter, wéi z. B. de „Pabeiermich“. Bal schonns stellen d’Déierchen a seng Frënn fest, datt d’Offallmonster trotz suergfälteger Trennung ëmmer nach genug Fudder fënnt a weiderhin d’Natur zerstéiert. Wéi kann een dëst geféierlecht Monster nëmme Meeschter ginn? Verzweiwelung mécht sech breet – wie kéint hei nach hëllefen? Ob a wéi et de Frënn schliisslech geléngt d’„Offallmonster“ ze verdreiwen erliewen d’Kanner an dëser Geschicht...

Si léieren aus dëser wonnerbarer Geschicht, wéi eng Konsequenzen et hätt, wa jiddwereen esou wéi d’„Offallmonster“ récksiichtslos mat der Natur ëmgoe géif. Duerch d’Virliese kréien d’Kanner zudeem e bessert Versteesdemech vun der Wichtegkeet vun der Offalltrennung an der Offallvermeidung vermëttelt. Ganz niewebäi gëtt d’Kreativitéit souwéi och d’Fäegkeet, sech an anerer eranzeversetzen, gefërdert.

Eis Aktivitéit „Geschichten erliewen“ ass op d’Verständnes an d’Léierprozesser vu Kanner am Spillschouls- a Grondschoulsalter ofgestëmmt.

Virliesen ass eng „Insel vun der Rou “: Rou brauch jiddwereen!

Kontaktéiert eis fir individuell Informatiounen iwwer eisen Atelier „Geschichten erlierwen“:

Nadine Schneider +352 488 216-234 oder nadine.schneider@sdk.lu

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission