Wäschen a Botzen hunn ëmmer en Afloss op d'Ëmwelt, an dat virun allem op d'Waasserleef. Dofir ass d'Entscheedung fir en ökologescht Wäsch-a Botzmëttel an dee richtege Gebrauch dovun (Doséierung,...) net nëmme wichteg fir d'Ëmwelt, mee och fir d'Gesondheet vum Konsument.
Nieft deenen allgemenge Critèrë mussen déi ugebuede Wäsch-a Botzprodukter och nach produktspezifesch Critèren erfëllen. Déi Critèrë bestëmmen ënner anerem, wéivill Tensiden an de Produkter dra sinn a wéi gutt déi an de Waasserleef ofgebaut ginn, ausserdeem och d'Konzentratioun vun aneren Inhaltsstoffer ( z.B. Léisungsmëttelen, Bleechmëttelen, Parfumen, Enzymer,...).
Informatiounen zu Testresultater aus de Produktgruppe kritt Dir beim Aktiounspartner, dem Lëtzebuerger Konsumenteschutz. (ULC)
Eng Lëscht vun den Wäsch- a Spullmaschinne mat deem geréngste Stroum- an Energieverbrauch fannt Dir op der Internetsäit www.oekotopten.lu.
Niewt dem Asaz vun ëmweltschounenden Produkter ass och déi korrekt Handhabung vun de Produkter souwéi déi richteg Botztechnik fir nohalteg an ökologesch Botzen onëmgänglech. Weider Informatiounen fann Dier héi.