Entsuergungspartner
Speziallogistik – e sécheren a kompetenten Transport
Rotschléi fir d'Entsuergen vum Betribsoffäll zu Lëtzebuerg
Huelt fir d’Entsuergen vun Ärem Offall am Betrib nëmmen spezialiséiert Firmaen, déi eng Transportgenehmigung vum Ëmweltministère hunn. Esou kënnt Dir sécher sinn, datt déi gesetzlech Mindeststandarden bei Offalltransporter a –verwäertungen agehal ginn. Dir fannt eng Lëscht vun den autoriséierten Spezialentsuergensfirmaen ënner www.environnement.public.lu/
D'Kooperatiounspartner vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber loossen zousätzlech eng streng Qualitéitskontroll iwwer sech ergoen, déi de Critèrë vum Qualitéitslabel fir Betriber entsprécht :
- zortéiert an transparent Sammlung beim Client
- propper a getrennt Lagere vun de Produiten, am Fall wou se mussen zwëschegelagert ginn
- transparent Eliminatioun, dobäi d’Recycléieren vun der Matière enger thermescher Verwäertung virzéien
- propper Camionen an Halen
- Clienten iwwert Vermeidungsméiglechkeeten informéieren
- Qualifizéierung vun de Mataarbechter an Anhale vun den Aarbechtsécherheetsstandarden
Bis elo sinn dës Lëtzebuerger Entsuergungsfachbetriber mam Qualitéitslabel fir Collecteuren ausgezeechent ginn :
- ENTEK Entsorgungstechnik, D - Gladenbach
- Hein-Déchets, L-Bech-Kleinmacher
- Avista-Oil BVBA, B-Ingelmunster
- Oekolux sàrl, L-Grevenmacher
- RVE GmbH, D-Linkenheim
- Schirra GmbH & Co KG, D - Wadern-Lockweiler
- Remondis Luxembourg Sàrl, L-Luxemburg
- Bio Man (Mangen Marc), L-Flaxweiler
- François Environnement Sàrl, L-Itzig
- Netto Recycling Sàrl (nrdocusafe), L-Senningerberg
- Steichen Environnement Sàrl, L-Sprinkange
Speziell Ofliwwerungen ( regelméisseg Entsuergen vu Wäert- a Problemmatièren a klenge Quantitéiten, Entsuerge vu Spezialproduiten, wéi Probutangasfläschen oder Uelegradiateuren) iwwerhëllt SuperDrecksKëscht® fir Betriber direkt iwwer de Logistikzenter zu Colmar-Berg.
