Permanent Sammelung

Bal all Recyclingplaz huet eng permanent Sammelung vun der SuperDrecksKëscht® fir Bierger. Hei kënne Wäert- a Problemsubstanzen mateneen entsuergt ginn.
2004 sinn 2 nei Sammelplazen an den Recyclingsparken am Norden bäikomm, sou datt dem Bierger elo 17 permanent Sammelplazen zur Verfügung stinn. Ausserdem ginn a verschiddene Gemengen 1x am Mount Wäert- a Problemmatièren agesammelt.
Fir d'Zwëschelagerung vun deene Produiten, déi d'SuperDrecksKëscht® ofhëlt, ass e spezielle Raum virgesinn, mat allen noutwendegen Arichtungen , sou datt déi Substanzen, déi eng potenziell Gefor fir d’Grondwaasser sinn, wéi z.B. alen Ueleg, sécher gelagert kënne ginn.
Als Confirmatioun vun enger richteger Féierung vun de Problemsammelplazen hu Recyclingsparken mat der SuperDrecksKëscht®-Sammelstatioun de Qualitéitslabel kritt. D’Critèrë sinn déiselwecht, wéi déi beim Label fir Betriber.




