Zeréckhuele-system
SuperDrecksKëscht® si Partner a Beoptragten vun der Ecotrel asbl. Dës huet als Vertrieder vun den Hiersteller an den Importateuren am Kader vun der Elektronikschrottveruerdnung deenen hier gesetzlech Verflichtungen iwwerholl. D'SuperDrecksKëscht® organiséiert fir d'Ecotrel asbl di fachgerecht Erfaassung an ëmweltgerecht Verwäertung vu Killgeräter, elektreschen Heizungen a quecksëlwerhaltege Luuchten (www.e-collect.lu).
D'SuperDrecksKëscht® ass och nach Partner a Beoptragte vun der Ecobatterien asbl. Dës huet als Vertrieder vun den Hiersteller an Importateuren am Kader vun der Batterieveruerdnung deenen hir gesetzlech Verflichtungen iwwerhol. D'SuperDrecksKëscht® organiséiert fir d'Ecobatterien asbl di fachgerecht Erfaassung an ëmweltgerecht Verwäertung vu Batterien an Akkuen.
D' ass zoustänneg fiert Sammlung a Verwäertung vu Verpakungsoffäll aus den Haushälter a leescht domadder en Beitrag zu enger verbesserter Ëmwelt.