D'Chantieren déi matmaachen

1. Chantier "Al Eecher Schmelz"
De Chantiersprojet „Al Eecher Schmelz“ huet sech aus engem theoreteschen Deel an engem praktesche Suivi vun engem grousse Chantier zesummegesat. De But war, Offäll sou vill wéi méiglech z’evitéieren oder si wéinstens ze reduzéieren. Well en Tri vun all den Offallzorten, déi um Chantier kënnen ufalen, am Viraus gemaach gouf – zesumme mat Rotschléi a spezielle Formatioune fir déi betraffe Mataarbechter vun de verschiddenen Etappe vum Chantier –, konnt e Konzept fir d’Gestioun vun den Offäll um Chantier entwéckelt ginn. D’Bauhären an déi verschidden Handwierksbetriber um Chantier kënne sech bei zukünftege Bauprojeten un dësem Modell orientéieren, fir Offallvermeidungspotenzial z’ermëttelen oder d’Käschten ze berechnen. Dëst Konzept muss onofhängeg vum Standuert vum Chantier op internationalem Niveau applizéiert ginn. D’Chantierskonzept huet d’Plange vun der Offallvermeidung, d’Sammele vun de verschidden Offallzorten, d’héichwäerteg Entsuergung vun den Offäll an e Kommunikatiounsprogramm ëmfaasst. D’Resultater stinn an der folgender Datei. Detailer ginn et op Ufro.
Niewent der SuperDrecksKëscht® fir Betriber waren de Fonds du Logement, den Ëmweltministère an d’Chambre des Métiers d’Partner vum Pilotprojet Al Eecher Schmelz.
Al Eecher Schmelz
| Haaptzuele vum Gebai | Gesamtvolume vun de Gebaier: 118.740 m3 |
| Ufank vun den Aarbechten | 09.1998 |
| Enn vun den Aarbechten | 12.2001 |
| Datum vun der Label-Priméierung | |
| Bauhär | Fonds du Logement |
| Responsabele vum Chantier | Fonds du Logement |
| Uwendung vum Konzept |
2. Chantier Dexia Bil zu Esch/Uelzecht
Beschreiwung vum Chantier
Bau vun engem Bürosgebai vun 80.000 m² an engem Parking fir 1.500 Autoen
| Haaptzuele vum Gebai | Bebaut Surface : 80.000 m² |
| Ufank vun den Aarbechten | 04.2004 |
| Enn vun den Aarbechten | 12.2006 |
| Datum vun der Label-Priméierung | |
| Bauhär | Dexia B.I.L. - Luxemburg |
| Responsabele vum Chantier | |
| Uwendung vum Konzept |

3. Chantier vum Europäesche Geriichtshaff, 4. Vergréisserung
Beschreiwung vum Chantier
Den Architekturprojet besteet aus engem Gebai mat 2 Etagen, „Ring“ genannt, dem Ale Palais, zwee Tierm mat 24 Etagen an engem Gank, deen déi nei an al Gebaier verbënnt a sou d’architektonesch a funktionell Eenheet vum neie Block garantéiert.
| Haaptzuele vum Gebai | Bebaut Surface : 60.000 m² |
| Ufank vun den Aarbechten | 12.2002 |
| Enn vun den Aarbechten | |
| Datum vun der Label-Priméierung | 05.2006 |
| Bauhär | Bauteministère |
| Responsabele vum Chantier | Administration des Bâtiments Publics |
| Uwendung vum Konzept |
4. Chantier Soludec - Residence "Georges V", Stad Lëtzebuerg
Beschreiwung vum Chantier
Bau vun enger Residence mat 7 Appartementer um Belair an der Stad.
| Haaptzuele vum Gebai | Bebaute Volume: 7.400 m³; Gesamtsurface: 2.515 m² |
| Ufank vun den Aarbechten | 09.2008 |
| Enn vun den Aarbechten | 01.2010 |
| Datum vun der Label-Priméierung | 06.2009 |
| Bauhär | Napoléon International S.A. |
| Responsabele vum Chantier | Soludec |
| Uwendung vum Konzept |
5. Chantier SEO - Maschinn 10, Stroumzentral zu Veianen
Beschreiwung vum Chantier
Renovatioun vun engem vertikale Buer mat enger Déift vu 50 m an engem Duerchmiesser vun 22 m (Maschinn 10), an der Drockleitung mat enger Gesamtlängt vun 1.375 m an engem banneschten Duerchmiesser vu 4,5 m.
| Haptzuele vum Gebai | |
| Ufank vun den Aarbechten | 02.2009 |
| Enn vun den Aarbechten | 12.2009 |
| Datum vun der Label-Priméierung | |
| Bauhär | Société électrique de l'Our S.A. |
| Responsabele vum Chantier | Société électrique de l'Our S.A. |
| Uwendung Konzept |
Opbau vun engem Centre de tri fir d’Offäll, deen all de Betriber, déi um Chantier schaffen, zur Verfügung steet. Ëm d’Entsuerge vun de speziellen Offäll, déi net am Centre de tri gesammelt ginn, musse sech d’Betriber selwer këmmeren. D’Beleeg, dass d’Offäll entsuergt goufen, mussen dem Responsabele vum Chantier ofgeliwwert ginn. |
6. Chantier SEO – Maschinn 11, Stroumzentral zu Veianen
| Haaptzuele vum Gebai |
| Ufank vun den Aarbechten |
| Enn vun den Aarbechten |
| Datum vun der Label-Priméierung |
| Bauhär |
| Responsabele vum Chantier |
| Uwendung vum Konzept |
7. Chantier Construction F. Lodomez, Äischer
| Haaptzuele vum Gebai |
| Ufank vun den Aarbechten |
| Enn vun den Aarbechten |
| Datum vun der Label-Priméierung |
| Bauhär |
| Responsabele vum Chantier |
| Uwendung vum Konzept |



