Réckproduktioun

Réckproduktioun – je besser d’Behandlung an Zortéieren, desto besser d’ Verwäertung

D’Camionen an d’Ween vum Service-Center ginn am SDK-Zenter ofgelueden, d’Wuere gi kontrolléiert an an déi virgesinn Depôten zwëschegelagert. Déi verschidden Zorten a Quantitéite ginn am PC erfaasst, esou besteet d’Garantie, datt een zu jidder Zäit wësse kann, wat a wivill am SDK-Zenter stockéiert ass.

Eng sécher Lagerung vun de Produiten bis zur definitiver Qualitéitskontroll, resp. Behandlung, ass vu gréisster Wichtegkeet. D’Regaler an den Depôte vun de Geforeproduiten entspriechen den héchste Séchertheetsstandarden. (Regaler mat Opfänkbasengen an Sensore fir Fuiten a brennbar Gemëscher ze detektéieren), d.h., d’Produiten sinn no Geforeméiglechkeet a chemeschen Eegeschaften stockéiert.

personne en train d'ouvrir un extincteur

Eng Partie vu Produiten ginn aus dëse Grënn am Logistikzenter nozortéiert, mam Virdeel: méi en héijen Taux vu Verwäertung duerch Erauszortéieren vu Friemkierper a vun net gezeechente Matièren, an dat nom Wonsch vum Destinataire. En detailléierten Tri gëtt gemaach bei Luuchten, Plastik, alen elektreschen Apparaten, Kabelen, Medikamenter a Chemikalien.

Eng grouss Partie vum Offall muss behandelt ginn. D’Flëssegkeeten, Fett an Ueleg z.B., ginn ëmgefëllt fir e bessert Traitement, resp. eng besser Qualitéitskontroll. De Schredder huet de Virdeel, de Volume vu groussen Deeler ze reduzéieren (Stoussstaangen, verschiddenaartege Plastik, eidel Bidonen) an d’Duerchtrenne vu Metaller.

No der Behandlung kréien d’Behälteren eng Etikett a waarden am Depôt fir Geforeproduiten oder wäertvoll Wueren op den Oftransport bei den Destinataire.

Personne en train de mettre des seaux à graisse dans un bain à eau chaud