Drucken

D'SuperDrecksKëscht®  ass Partner vun Ecotrel asbl, déi als Vertrieder vun den Hiersteller/d'Importateuren an d'Händler fiert Ëmsetzung vun deenen gesetzlechen virgeschriwwen Verflichtungen verantwortlech ass. Zesummen suergen déi zwee Partner och dofir Bierger iwwert ëmweltfrëndlech an energiespuerend Apparater an Techniken ze informéieren, souwéi iwwert Sammlung an ëmweltgerecht Verwäertung vun dëse Produkter.

Auch eine direkte Zusammenarbeit der SuperDrecksKëscht®  mit dem Handel findet statt.

 

Firwat mussen d'Killapparate speziell behandelt ginn?

An ale Frigoe si verschidde schiedlech Substanzen:

Ausserdem bestinn déi Killapparaten aus wäertvoller Matière première, wéi Metaller a Plastik, déi erëm verwäert kënne ginn. D’Frigoe ginn op de Sammelplazen ugeholl an no strenge Critèrë vun der RAL-Gütegemeinschaft sécher gelagert. Sou gëtt en nodréiglecht Beschiedege vum Killsystem an en Auslafe vum Killmëttel beim Depôt a beim Transport verhënnert. D’Apparater kommen dann an de Logistikzenter op Colmar-Bierg.

Duerch déi zwou Etappe bei der SEG Umwelt-Service GmbH  gi zu Mettlach sämtlech schiedlech Substanzen erausgeholl an déi wäertvoll Stoffer zréckbehalen.